DA MENG ALT DU BRETZA… ! STËMMT DÉI

DA MENG ALT DU BRETZA… ! STËMMT DÉI






Da meng alt, du Bretza…


Da meng alt, du Bretza…. !


Stëmmt : déi Iwwerschrëft ass zimlech flappeg. Mä wann dir weider liest, da kritt dir vläicht eng aner Meenung. Wann net : eng aner respektéieren ech och.


Fir d’éischt emol : Mat dësem Titel si mir sproochlech absolutt ënnert äis, well dee Saz versteet zu Hamburg oder Hannover kee Mënsch,et ass typesch EISES; dat ass jo schonn e ganze Koup, gelldir. Eist ‘mengen’ an dat däitscht ‘meinen’ ass jo nach laang net ëmmer datselwecht, a passt emol op, wéivill Politiker ëmmer nëmme ‘mengen’. Si fänke bal all Saz mat ‘ech mengen…’ un ; dat verréit klor eng gewëssen Onsécherheet, well, wéi ass de Sproch : Wie mengt, dee weess näischt ! Mä dorëm geet et hei net. Et dréint sech ëm e ‘vermengte’ Bretzert, also een, dee ‘mengt, wat hie wier’.


Dee Bretz-Kickës, vun deem hei rieds geet, huet guer net ‘gemengt’. Hie war senger Saach bomme-sécher. De Klunni wollt sech, ongefrot ! an engem Bistro e bëssen un ärem Schreiwert rëffelen an huet behaapt, mäi ‘Sproochegedéngels’ wier jo Kabes. Einfach esou. Ouni Kéier a Krëmmel… ouni datt ech emol gewosst hunn, mat wiem ech et ze dinn hätt…hei um Enn gitt dir et ower (deelweis) gewuer.


Also : d’Lëtzebuergescht wier eise gréisste Klompfouss. Eis Sprooch geng äis iwwerall an der Wee stoen. Mat Identitéit hätt dat näischt ze dinn, an iwwerhaapt : wat ass dat fir e Quatsch, Identitéit ?! Sou e Blödsinn brauche mir net.


Deem louse Brudder hunn ech geäntwert, säi Gestëppels giff mir net e sëllechen ausmaachen, well warem Loft kënnt mech net stéieren. Natierlech wollt dee gebeemte Jauka provozéieren an sech beim Patt an anere Leit wichteg maachen… vrun allem (typesch !) well och nach eng Fra dobäi gesiess huet… déi him zugudderlescht den Dicks geriicht huet.


Datt eis Sprooch keen dichtege Politiker (Schuman), keen Nobelpräiss-Physiker (Lippmann), kee Star-Chirurg an Amerika (Félicien Steichen, Rob. Mackel), keen Top-Biolog (Prof. Mosinger), kee geniale Metallurgist (Kroll), kee Weltphotograph (Ed. Steichen), kee Spëtze-Geolog (M. Lucius) asw. dru gehënnert huet, un d’Weltspëtzt vun hirem Fach ze kommen… am Contraire !… dat huet deem faule Stréckel net ageliicht. Datt eis Sproochesituatioun eng vun de gënschtegste vun der Welt ass, well mir doduerch praktesch ‘gezwonge’ ginn, ganz fréi an d’Original vun 2-3 groussen Idiomen eranzeklammen, huet dee Super-Dabo net geklickert. Alles Schmorri, basta !


Wéi gesot : Ech hat dee Mann guer a glat net un eisen Dësch geruff an näischt gefrot, mä hien huet eng bedauerlech Kränkt :déi vum iwwerhieflechen Zynismus. Deene Leit ass souwisou näischt respektabel bis op hiren Ego (Hedonismus). Déi muss een, souzesoen als Strof, liewe loossen, well do stëmmt eppes bannenan net, uewen an ënnen… fir net méi ze soen.


A jo, wien et da war… en Här Dokter ! Ech hunn all Ursaach, eis Dokteren ze respektéieren, mä bei dësem Här stëmmt mäi Spréchelchen : Wann e Kallef stodéiere geet, kann nëmmen en diploméiert Rëndvéi erëmkommen. Haart ? Kuckt rondrëm iech : et stëmmt !





Tags: stëmmt, bretza…